Geschichte fir Kids: "De Kéiseker, deen ni midd gëtt!"
Datum
19/10/2024
Zäit
10h30 - 11h15
Spillort
1. Stack Mierscher Theater
MIERSCHER THEATER, 53 Rue Grande-Duchesse Charlotte, Mersch
Eng Kaart vu Google Maps gouf blockéiert well Dir net erlaabt hutt, datt se geluede gëtt
Wann Dir de blockéierten Inhalt luet, ginn Är Privatsphär-Astellungen ugepasst. Inhalter vun dësem Service ginn an Zukunft net méi blockéiert. Dir hutt d'Recht Är Entscheedung zu all Moment zréckzezéien oder ze änneren.
Fir méi doriwwer rauszefannen, besicht eis Dateschutzerklärung, Impressum a Cookie-Astellungen
Informatiounen
Geschichte fir Kids
De Kéiseker, deen ni midd gëtt!
Virgestallt vum Judith Feider
Fir Kanner vu 4 Joer un.
Wéini? - Samschdes, den 19. Oktober 2024 um 10h30
Wou? - Um 1. Stack vum Mierscher Theater (fir an d'Gebai eran ginn et Trapen, bannen ass ee Lift)
Gratis Entrée
Umeldung obligatoresch ënner 32 50 23 550 oder op kontakt@mierscher-lieshaus.lu
Mat der Ënnerstëtzung vum Mierscher Theater organiséiert.
De Kéiseker, deen ni midd gëtt!
Vum Judith Feider an Annick Wagener
Et ass Hierscht am Bësch!
De klenge Kéiseker sollt sech eigentlech op säi Wanterschlof virbereeden. Wéi de Krukert him vun sengen opreegende Pläng erzielt, gëtt et dem Kéiseker kloer, dass net alleguer d‘Déieren de Wanter duerch schlofen. Hie beschléisst kuerzerhand, kee Wanterschlof ze halen, mee sech ze ameséieren. Fënnt hien zu dëser Zäit ee Frënd, dee mat him spille wëll?