MéNuLu - Video on Demand & Musical Streaming

2nd July 2024

club logo

Mierscher Lieshaus

image
image
image
image

D'Mierscher Lieshaus ass - zesumme mat 4 aneren ëffentleche Bibliothéiken - dem Projet MéNuLu bäigetrueden. D'Médiathèque numérique de luxembourg erméiglecht et den Notzer aus den elo 8 participéierende Bibliothéiken, fir Filmer, Serien an Documentairen esouwéi Musek gratis ze streamen. Domat hunn d'ageschriwwen Notzer aus dem Mierscher Lieshaus, déi mindestens 14 Joer hunn, elo Zougang zu enger Panoplie un audiovisuellem Material.

Dës Offer ass op dräi verschidde Plattforme verdeelt: kanopy, filmfriend & divercities (tënk fir Dokcumentairen, diMusic fir Musek).
Op dës Plattforme kënnt Dir iwwert eng Recherche um a-z.lu zougräifen, oder Dir sicht um a-z.lu nom gewënschten Titel a klickt op de Link, fir op déi jeeweileg Plattform weidergeleet ze ginn.

Zéckt net Iech bei eis ze mellen, wann Dir Froen hutt.